Montag, 28. November 2016

Christiane Ehlinger: 't ass d'Liewen!





Dëst Buch, oder éischter Bichelchen ass d'Nummer 12 aus der Serie Smart vun der Kremart Edition.
Et ass eng Kuerzgeschicht mat 32 Säiten.
Souzesoen, ee klenge Snack fir Zwëschenduerch 😊

Jo Witek, Christine Roussey: A mengem klengen Häerz


Aus dem Franséische vum Christine Kremer


Op dës Rezensioun hunn ech mech besonnesch vill gefreet, et ass scho bal eng Éier fir mech.

Donnerstag, 17. November 2016

Emily Murdoch: Wenn ihr uns findet





Dëst Buch ass eent vun deene Bicher, déi een ouni Wierder hannerloossen.
Du sëtz do, verschaffs d'Geschicht, wëlls eppes driwwer schreiwen, mä du weess net, obs du dat iwwerhaapt hikriss.

Carmen Rodrigues: Du bist das Gegenteil von allem




No sengem Dout, duerch eng Iwwerdosis Pëllen, ass eng Schongkëscht mat 34 Ziedelen alles, wat d'Ellie zréckléisst.
Nee, net alles...

John Boyne: Der Junge im gestreiften Pyjama





Och wann dëst Buch een Buchtipp ass, schreiwen ech keng Rezensioun dozou.
Dat kann een nämlech schlecht a Wierder faassen, ech konnt oft net gleewen wat ech do gelies hunn.

Adriana Popescu: Paris, du und ich


Paris, du und ich, ass vill méi, ewéi just een Jugendbuch, et ass ee Liebesmärchen, mat wonnerschéinen Zitater.

Lily Oliver: Die Tage die ich dir verspreche




Beim Liesen vun dësem Buch, ass d'Zäit richteg verflunn, ech hunn mech direkt an d' Geschicht verléift.

Mittwoch, 16. November 2016

John Boyne: Zu schnell




Dëse Roman huet knapp honnert Säiten, an awer ass et dem Här Boyne gelongen aus wéinege Wierder een groussen Roman ze zauberen.

Ava Dellaira: Love letters to the dead





Dëst ass erëm een vun deene Bicher bei deem d'Emotiounen mat engem duerchginn.
Et ass een frou, traureg, verzweifelt, roosen, ängstlech, hoffnungslos, an nach vill méi.
D'Laurel soll an der Schoul een Aufsatz schreiwen.

Katie McGarry: Noah und Echo





Nodeems ech d'Buch gelies hunn, hunn mir fir d'éischt d'Wierder gefeelt.
Et war mol eng ganz anescht Liebesgeschicht.

Alice Oseman: Solitaire





Och wann ech nach ëmmer net genau weess, wat ech vum Buch halen soll, et huet mir gutt gefall.

Belinda Bauer: Totenkind



Ufanks denkt een sech, dass et sech alt nees ëm een 'Kand verschwonnen, Police sicht' Buch handelt, mä dat ass awer net esou.

Jay Asher: Tote Mädchen lügen nicht




D' Buch, seng ganz Geschicht, hat mech direkt am Grëff.
Ech hunn se richteg verschlongen, mä ech muss soen, et huet mech immens rosen gemaach.

Makiia Lucier: Das Fieber





Am Ufank vum Buch weess d'Cleo nach net, wat hatt mat sengem Liewen soll ufänken.
Déi fuerchtbar Krankheet ass nach wäit ewech.
Bis den Dag dono...

Emma Cline: The Girls




Wow, wat ee Buch, et huet mir richteg gefall!
Et ass eng intensiv, awer och verstéiernd Rees an d'Hippiezäit.

Todd Hasak-Lowy: Dass ich ich bin, ist genauso verrückt wie die Tatsache dass du du bist


Alex Gino: George




George ass deen éischte Kannerroman zum Thema Transgender.

Ruth Olshan: All die schönen Dinge




Eis Protagonistin ass d'Tammie.
Tammie huet een Aneurysma am Kapp, hatt kann also all Moment dout ëmfalen.
Oder een Pflegefall ginn, dat weess keen sou richteg.

Jessi Kirby: Mein Herz wird dich finden




D'Buch war ganz ok.
Mä well et ëm Organtransplantatiounen geet hunn ech mir e bëssen méi dovunner erwaart.
D'Mia huet seng éischt Léift, den Jacob bei engem Akkzident verluer.
Selbstverständlech ass hien Organspender.

Anne Freytag: Mein bester letzter Sommer




Tessa stierwt.
Dat ass eigentlech schonn kloer wann een de Klappentext liest.
Hatt wäert ni de Führerschäin maachen, ni Sex hunn, ni op d'Uni goen, ni Kanner kréien,...
Hatt waart just op den Doud, deen quasi schonn virun senger Dier steet.
Aplaz säin Liewen ze organiséieren, organiséiert hatt säin Doud.
An dann begéint hatt den Oskar, dem Tessa seng Welt dréit sech erëm.
Wéinstens fir een Ablack.
Mat him huet hatt elo e Frënd fir ze stierwen.
An hatt ass dem Oskar seng 'Krabbe'.
Mam Auto maan déi zwee eng lescht Rees duerch Italien.
A liewen de Moment.
Wat soll ech soen?
Wann een d'Buch bis ugefaangen huet, kann een et schlecht aus den Hänn leeën.
D'Buch bréngt een zum iwwerleeën, et zerrappt engem d'Häerz.
Ech hunn et gehaasst well ech et sou gären hat.
Ech hunn gelaach an esou gekrasch dass ech een Moment hu missen pausen, well ech vru lauter Tréinen näischt méi gesinn hunn.
D'Buch erënnert een un de Wäert vum Liewen.
Liewt elo, waart net op eng besser Zukunft, wien weess ob Dir déi erlieft.
Klengen Tipp:
Am beschte wier et vläischt d'Buch weekends ze liesen, et léisst een nämlech net méi lass bis dass een déi lescht Säit gelies huet.
An dono brauch een e gudde Moment vir alles ze verschaffen a fir sech ze sammelen.
A villäischt och fir d'Playlist ze lauschteren.
(Am beschten och d'Nuesschnappecher prett halen.)
Dëst ass ee vun deene Bicher déi sech net nëmmen an den Hänn, mä och am Häerz gudd ufillen.
Merci Madamm Freytag! ❤️

"Das, was mir am meisten leidtut, ist, dass ich erst sterben musste, um zu verstehen, wie wunderbar das Leben sein kann."

"Das Leben wird nicht definiert von den Momenten, in denen du atmest, sondern von denen, die dir den Atem rauben"

Ech géif sou gären all déi Zitater mat Iech deelen, mä wann ech dat maachen, dann hunn ech Iech dat ganzt Buch ofgeschriwwen.
Liest et!
Fillt et!
Lieft et!
 ❤️

Mhairi McFarlane: Vielleicht mag ich dich morgen





D'Anna ass während senger Schoulzäit eng sougenannten ellen an och déck italienesch Int gewierscht.

Paula Daly: Herzgift




Hei kënnt dann mol eng Kéier een Psychothriller.
D'Natty ass eisen Haaptcharakter, hatt ass mat sengem Mann Sean Besëtzer vun engem Hotel an Mamm vun zwee Meedercher.
Op engem Schoulausfluch an Frankräich gëtt säin jéngstent Meedchen d'Felicity krank an muss an d'Spidol.
D'Natty flitt direkt dohinner fir hatt ze versuergen.
D'Eve(wéi ironesch), dem Natty seng beschte Frëndin(wou dee Moment bei der Famill op Besuch ass) verlängert dësen fir dem Natty sengem Mann mam eelste Meedchen ënnert d'Ärm ze gräifen.
Dat ass awer net den Grond...
Hatt spillt e falscht Spill, hatt huet wëlles dem Natty d'Famill auszespaanen.
Hatt ze zerstéieren.
Systematesch verfollegt hatt seng eege krank Pläng.
Nodeems d'Natty aus Frankräich erëmkënnt, muss hatt feststellen, dass näischt méi esou ass wéi et war.
Hatt beschléisst ze kämpfen, geint Eve a fir seng Famill.
Schonn déi éischt Säiten vum Buch verroden eis, dass eis e ganze Koup Psychospillercher erwaarden.
Anscheinend ass näischt esou ewéi et schéngt.
No e puer Säiten erwaard eis déi nächst Iwweraschung an eng spannend Wendung...
Fir besser géint d'Eve(déi Kou) virzegoen, wullt d'Natty a senger Vergaangenheet a fënnt sou munch Ongereimtheeten.
Wien ass d'Eve wierklech?
Geet hatt iwwert Läichen?
A wat mëcht d'Natty fir sech a seng Famill ze schützen?
Wien gewënnt, wien verléiert?
Wéi eng Grenzen ginn iwwerschratt?
Ech hunn de Roman spannend fonnt, allerdéngs war mir d'Natty net ganz sympathesch.
Am grousse ganzen war et awer e spannenden Roman, de Schreifstil vun der Autorin war flësseg an huet fir Hingerhautmomenter gesuergt.
Psycho vum feinsten.
Liest selwer!

Fredrik Backman: Oma lässt grüssen und sagt, es tut ihr leid




Top Empfehlung!

„Es ist doch kein Verbrechen, ein ungewöhnliches Kind zu sein. Oma hat immer gesagt, nur Menschen, die ungewöhnlich sind, verändern die Welt!“ erklärt Elsa.

Alle Siebenjährigen haben Superhelden verdient. So ist das einfach. Und wer anderer Meinung ist, der ist ein bisschen blöd im Kopf. So drückt es Elsas Oma aus.

Dëst Buch huet mir esou gudd gefall, dass ech Problemer hunn déi richteg Wierder ze fannen.
D'Buch huet mech am Häerz getraff a wann een esou déif getraff gëtt, dann kënnt et mol vir dass engem d'Wierder feelen oder dass een esou vill schreift, dass engem dono d'Fanger bludden.
Et liest een, et bliedert een ëm, et verléift een sech, et verléiert een sech, et kräischt een an et laacht een.
Et ass eent vun deene Bicher, déi méi ze bidden hunn wéi just Buchstawen.
D'Buch ass fir eis Dreemer, wann Dir Iech hei net Doheem fillt, dann weess ech och net.
Et ass fir all déi, wou d'Liewen aus enger aanerer Sicht wëllen gesinn a kenneléieren.
A fir déijéineg déi mengen si missten d'Buch net liesen:
Dach. Dir. Musst!!!
Liest dëst Buch, loosst Iech drop an a begleed d'Elsa duerch dës Geschicht.

Keri Smith: Mach dieses Buch fertig










Dëst ass mol een ganz anert Buch wat ech Iech gären wëll virstellen.
Ech hat et deemools op Amazon beim Stöbere fonnt.
D'Idee huet mir ganz gudd gefall, ech hunn et ongewéinlech fonnt.
Den Haaptcharakter vum Buch sinn nämlech ech selwer.
Ech kann mat deem Buch maachen wat ech wëll, oder besser gesot, ech maan mam Buch wat d'Buch mir seet.
Der Kreativitéit sinn keng Grenzen gesat, et kann een sech richteg austoben.
Ech sinn eigentlech een total onkreative Mënsch, ech schneide kromm, molen iwwert de Strich, ...
Mä dat doten mëcht mir richteg Spaass, probéiert et dach och aus.
Sinn der dann och ënnert eis déi d'Buch hunn?
Wann jo, wéi fannt Dir et?😀