Den Här Clees huet mech op eng interessant Rees matgeholl.
Samstag, 28. Januar 2017
Michel Clees: Abreise
Den Här Clees huet mech op eng interessant Rees matgeholl.
Guy Rewenig: Your Heart of Ice is Hot As Vice
Dëst Buch war (ass) eng grouss Erausfuerderung fir mech, et ass nämlech schonn e puer Joer hier, dass ech Englesch gelies hunn.
Donnerstag, 26. Januar 2017
Mittwoch, 25. Januar 2017
Jay Schiltz: Aschengänger
Dëst Buch vum Här Schiltz, ass net ze vergleichen mam John Boyne sengem "Der Junge im gestreiften Pyjama".
Dienstag, 24. Januar 2017
Tullio Forgiarini: Lizardqueen
Dëst Buch ass vun der éischter Säit un speziell.
Richteg geckeg, et huet immens Spaass gemaach, an dës verdréite Welt anzetauchen. 😊
Samstag, 14. Januar 2017
Nora Wagener: Larven
Fir d'alleréischt wëll ech dem Hydre Verlag Merci fir dëst Rezensiounsexemplar soen!
Ech hunn mech ganz vill driwwer gefreet!
Freitag, 13. Januar 2017
Codenumm: Melusina
Et war flott, dës Zäitrees duerfen ze maachen.
Sonntag, 8. Januar 2017
Linda Graf: Die Tage, die Dinge
Dëst Kanephora-Buch hunn ech méi einfach ze liesen fonnt, et ass wierklech séier gaangen. Eng Säit no där anerer, a beemol ass ee schonn an der Halschent ukomm.
Samstag, 7. Januar 2017
Jean Back: Zalto Mortale
Freitag, 6. Januar 2017
Christiane Kremer, Aline Forçain: Poli a Maisy
Poli & Maisy
Op Lëtzebuergesch an op Franséisch!
Dëst Buch, sou krut ech gesot, gehéiert einfach zu Kremart, ech fannen, dann däerf et dës Woch och net feelen.
Op Lëtzebuergesch an op Franséisch!
Donnerstag, 5. Januar 2017
Mittwoch, 4. Januar 2017
E puer Wierder zur Smart Serie
No laangem Iwwerleeën, probéieren, dréien a kéieren, sinn ech zu der Feststellung komm, dass d'Bichelcher aus der Smart Serie zimmlech schwéier ze rezenséieren sinn.
Dienstag, 3. Januar 2017
Sven Wohl: Loosst den Doudege schwätzen
Fir d'alleréischt wëll ech dem Schrëftsteller Sven Wohl, an dem Lilu Verlag Merci fir dëst Rezensiounsexemplar soen.
Et war mir eng Freed, dëst Buch ze liesen.
Merci!
D’Geschicht vun der Schnéiflack an der Faarfdrëps
Aus dem Italienesche iwwersat vum Christiane Kremer
Dëst Kannerbuch ass wierklech ongewéinlech.
An eenzegaarteg.
Voller Léift a Poesie.
Wien et gelies a gekuckt huet, versteet direkt firwat...
Schonn eleng d'Coveren sinn, fir sech ze verléiwen ❤
D' Biller, wierklech all eenzel Säit, ass Konscht.
Eenzegaarteg, speziell, verspillt, mat vill Léift gouf dëst Buch gezaubert.
Et verléiert ee sech an all deene klengen Detailer, an de Faarwen, an den Ornamenter, an an der Faarfdrëps hierem Wee.
Natierlech och an der Schnéiflack hierem, se sinn nämlech allen zwee matenee verbonnen.
Jo, et kann ee souguer soen, dass si zesummen d'Gléck fannen...
Dëst grousst Schmockstéck, kann een déi zwee Weeër kucken, een immens schéine Kontrast ass, dass déi eng Säit hell, déi aaner Säit donkel ass.
Mir perséinlech huet déi däischter Szen am beschte gefall.
Nee, déi hell.
Ech mengen, awer déi däischter.
Eegal, d'Buch ass einfach een Draam, do kann ech mech net entscheeden.
Ech sinn wierklech frou, dass ech dëst Buch entdecken duerft.
Dës Kannerbicher vu Kremart Edition erënnere mech nees drun, wéi gären ech a sou Bicher bliederen, dreemen, liewen a fillen.
Et ass op jidde Fall ee wanterlecht Kannerbuch, an net nëmmen dat ❄
Wéi schonn op der Internetsäit vun der Kremart Editioun geschriwwen, ass d'Buch eng wonnerschéin, poetesch Liibesgeschicht fir Erwuessener.
Et ass reel, schliisslech si mir dach allegueren op der Sich.
Op der Sich no Gléck, no Léift, Gesondheet, op der Sich no engem Liewen voller Faarwen.
No Schnéiflacken am Wanter, déi Schnéiflacken, déi d'Kand an eis wakreg maachen, an eis dozou bréngen, eis an de Schnéi ze geheien a Schnéiengelen ze maachen.
Dëst Buch hunn ech net mat deem Klengen gekuckt, ech hunn et ganz fir mech eleng genoss.
Ech freeë mech awer drop, him d'Geschicht an e puer Joer virzeliesen, an ech hoffen, dass se him dann och sou gutt gefält wéi mir.
Dat duerft Dir Iech op kee Fall entgoen loossen!
Abonnieren
Posts (Atom)




























