Mittwoch, 4. Januar 2017
E puer Wierder zur Smart Serie
No laangem Iwwerleeën, probéieren, dréien a kéieren, sinn ech zu der Feststellung komm, dass d'Bichelcher aus der Smart Serie zimmlech schwéier ze rezenséieren sinn.
Mir ass dat schonn vrun e puer Wochen opgefall, wéi ech der Madamm Ehlinger hier Bichelchen 't ass d'Liewen" rezenséiert hunn.
Dat läit wahrscheinlech un hierer klenger Gréisst, vun knapp 36 Säiten.
De Klappentext seet scho vill aus, a wann ech nach eng Rezensioun dozou ofginn, musst Dir d'Buch scho net méi liesen.
An dat ass jo net de Sënn an Zweck vun där ganzer Saach.
Ech denken, ech maachen smart Renzensiounen.
Kuerz a bündeg, e puer Sätz, déi genuch Loscht op méi maachen.
Flott un dëser Serie ass, dass een se net all der Rei no muss liesen, et geet duer, wann een se dono der Rei no am Regal stoen huet.
Ech siche mir déi Bicher eraus, déi mech grad dee Moment uschwätzen, a schonn hunn ech meng kleng Lektür fir Zwëschenduerch.
All Bichelchen gouf vun engem aneren Schrëftsteller geschriwwen, all Bichelchen huet seng eege Faarw.
Da gesäit et dono och net langweileg am Regal aus 😊
Déi Geschichten, déi ech bis elo gelies hunn, sinn all vollkomme verschidden, si hunn allerdéngs eng Saach, déi se zesumme verbënnt.
Se si witzeg.
A wouer.
Natierlech och ironesch, fiktiv an net all ze Eescht ze huelen.
Se si Léift.
Laachen a Liewen.
Du lies mat engem laachenden A, an och mat engem kräischenden...
-well et esou séier eriwwer ass.
Allerdéngs loossen déi kuerz Geschichten engem vill Spillraum fir eegen Interpretatiounen.
Bichelchen zou, Kappkino un ☺
Et ass wierklech fir all Gefillslag, fir all Stëmmung eppes dobäi.
Et sinn Geschichten vum Liewen.
Fir d'Liewen.
Se sinn Lëtzebuerg.
Ech freeë mech op jidde Fall, op déi Bichelcher, déi nach op mech waarden.
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)

Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen