Donnerstag, 26. Januar 2017
Jean Schoos: Den drëtte Schlëssel
Eent muss ech dem Här Schoos loossen, hien huet ee wierklech exzellenten Debütkrimi higeluecht.
Ech gratuléieren him zu dësem Wierk.
Ech war vun Ufank un an d'Geschicht verdéift, duerch déi detailléiert Schreifweis hunn ech den Ermëttlungen net nëmmen nogekuckt, ech war matzen dran.
Et war interessant, ebe grad, well d'Verbriechen an d'Ermëttlungen sech an de 60er Joeren ofspillen.
Et goufe keng Handyen, keen Internet, ..., de Fischbach muss a gudder aler Manéier recherchéieren, al Schoul eben.
Et war scho bal ee Stéck Geschicht, wat ech do konnt noliesen, wierklech flott.
D'Gendarmerie, d'Police, hiert Verhältnis zueneen, d'Politik, ...
Dat mëcht de Charme vun dësem Buch aus.
D'Charakteren sinn alleguerten zimmlech einfach gestréckt, mä dofir ass de Fischbach, mat all sengen Eegeschaften immens detailléiert.
Net nëmme seng Eegeschaften, et gëtt een och ganz vill iwwert säin Liewen, seng Famill, seng Carrière gewuer.
Hien stécht aus deem Ganzen eraus, ech hunn dat immens gelonge fonnt.
Och Dialoger am Buch sinn detailléiert, et huet een absolut guer kee Problem, sech dat alles bildlech virzestellen.
Esou soll dat bei engem gudde Buch sinn!
Natierlech mëcht den Fischbach während sengen Ermëttlungen allerlee Bekanntschaften.
Ob eng Häerzbekanntschaft dobäi ass, wäert ech Iech awer net verroden :-)
Et ass op jidde Fall immens spannend!
Ob hien säin éischte Fall geléist kritt, a wéieng Roll den 2te Weltkrich, dat aalt Däitschland an England am Buch spillen, musst Dir schonn selwer noliesen!
Dir wäert bestëmmt Är Freed drun hunn ...
Garantéiert!
Frënn vun gudde Krimien sinn bei dësem Buch op jidde Fall un der richteger Adress.
Ech si mir sëcher, dass ech déi aner Bänner, aus dëser Serie och wäert liesen, ech kann et net erwaarden.
Ech freeë mech drop, déi nächste Kéier mam Fischbach matzerätselen, an ech sinn elo schonn gespaant, a wéieen Joer et eis verschloen wäert.
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)


Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen