Samstag, 28. Januar 2017

Michel Clees: Abreise



Mat senge knapp 96 Säiten war ech relativ schnell mat dësem Buch fäerdeg.
Den Här Clees huet mech op eng interessant Rees matgeholl.

Eng Rees voller Notizen a Léift.
D'Buch ass wierklech interessant, dat geet schonn beim Virwuert un.
Ech hunn et souguer zweemol gelies!
Am Buch sinn aacht kuerz Geschichten, (Gedichter, Erzielungen, Liddtexter) alleguerten verschidden, verbonnen duerch een Thema.
Léift ❤
Léift huet vill Gesiichter, dat gëtt engem beim Liesen nees bewosst.
Ufanks konnt ech mir net vill ënnert dësem Buch virstellen, mä elo wou ech fäerdeg sinn, kann ech nëmmen nach "Wow" soen.
Den Här Clees huet et wierklech verstaanen, bei all Text, déi richteg Wierder, dee richtegen Toun ze treffen.
Leider ass dës Rezensioun relativ kuerz geroden, mä bei deene klengen Texter bleiwt net méi vill ze soen ...
Ech wëll jo, dass Dir d'Buch liest, ech wëll Iech et net heihinner schreiwen.
Dofir, maacht Iech eng Notiz, gidd op d'Rees, a besuergt Iech d'Buch!

Keine Kommentare: