Dienstag, 3. Januar 2017

Sven Wohl: Loosst den Doudege schwätzen




Loosst den Doudege schwätzen vum Sven Wohl

Fir d'alleréischt wëll ech dem Schrëftsteller Sven Wohl, an dem Lilu Verlag Merci fir dëst Rezensiounsexemplar soen.
Et war mir eng Freed, dëst Buch ze liesen.
Merci!


D'Buch ass op Lëtzebuergesch, dat war eppes komplett aneschter fir mech, mä et huet immens vill Spaass gemaach.
Ech hunn ganz vill Wierder erëm fonnt, déi mir Lëtzebuerger gären verdäitschen.
Wat mir nach un dësem Buch gefall huet, ass dass et ëm een Schrëftsteller geet.
Ech liesen gär, ech schreiwen gär, dat passt also alles.
Den Gérard Thill, een Schrëftsteller gëtt gewuer, dass hien stierweskrank ass.
Natierlech wëll hien nach séier een lescht gutt Buch schreiwen, mä op dat eng gutt Iddi ass?
Et huet net laang gedauert, schonn op der zweeter Säit hunn dem Gérard seng Gedanken mech grinsen gedoen.
Hien ass wierklech een éierleche Kärel.
An e puer Säiten weider, si mir Tréinen an d'A geschoss.
Ech hunn eng Schwäch fir zynesch Charakteren(dat sinn nämlech meeschtens déi mam groussen Häerz), et huet also net laang gedauert, bis dass den Gérard sech a mäin Häerz geschlach huet.
D'Buch ass tragesch a wierklech witzeg.
Ech hunn oft misse laachen...
Et ass d'Liewen, et kënnt wéi et kënnt.
Déi zweehonnert Säiten sinn vollgepaakt mat der batter-séisser Wourecht, den Gérard hëllt kee Blat virun den Mond.
Jiddereen deen et liest, versteet wat ech domat soen wëll.
Den Här Wohl huet et wierklech verstanen, esou detailléiert ze schreiwen, dass een sech d'Buch bildlech ka virstellen, et kënnt een och net derlaanscht dat Geliesent mat all sengem Emotiounen ze fillen.
Am léifsten hätt ech mir lauter Stellen am Buch markéiert, Stellen déi mech laachen gedoen hunn, Stellen déi mech beandrockt hunn a Stellen déi et einfach op de Punkt bruecht hunn.
Mä, hätt ech zum Beispill een gielen Textmarker dofir geholl, wier d'Buch wahrscheinlech vun vir bis hanne giel.

Wat ech aus dësem Buch mathuelen?
Ech muss méi oft lëtzebuergesch Bicher liesen, och an eisem klengen Ländchen verstoppen sech déi eng oder aner Schmockstécker.
D'Handlungen mussen sech net ëmmer an anere Länner ofspillen, heiansdo geet et och duer, mat engem gudde Charakter laanscht d'Uelzecht spadséieren ze goen.

Loosst Iech dat net entgoen, ech sinn begeeschtert! ❤👍
Och wann den Gérard gestuerwen ass, schwätzen mëcht en nach haut!

A wann Dir dës e bëssen ze laang geroden Rezensioun bis zum Schluss gelies hutt, wier et flott wann Dir e Like kéint hannerloossen an den Post deelt.

Keine Kommentare: