Dienstag, 24. Januar 2017

Tullio Forgiarini: Lizardqueen




Dëst Buch ass vun der éischter Säit un speziell.
Richteg geckeg, et huet immens Spaass gemaach, an dës verdréite Welt anzetauchen. 😊

Et ass herrlech skurril.
A komesch.
Awer esou richteg!
Den Haaptpersonnage aus dem Här Forgiarini sengem Buch "Lizardqueen" ass d'Mona.
Hatt huet sech d'Liewe geholl, an erzielt eis seng Geschicht.
Wann ee bedenkt:
Hatt hëllt sech d'Liewen, stëcht tëscht Himmel an Hell fest, a säi Nonumm ass Biblisch.
Super 👍😊
D' Erzielweis ass mol eppes aneschter, ech hunn et interessant fonnt.
Ech weess net, ob dir de Film kennt, mä beim Liesen, hunn ech missen un de Film "Dogma" denken.
Tragesch um Mona sengem Dout ass, dass et nach net kloer ass, ob hatt an den Himmel kënnt, oder mam Lift erof bei den Däiwel fiert.
Et steet nach alles op, et läit am Mona senger Hand.
Flott u sengem Dout (wann een dat sou soen däerf) ass, dass d'Mona ganz vill nei, an och interessant Bekanntschaften mëcht.

Natierlech bléckt hatt och vun Zäit zu Zäit op säi Liewen zréck, esou erklärt sech och, firwat hatt den Fräidout gewielt huet.
D'Buch ass absolut liesenswäert, an zu kenger Zäit langweileg.
Mä gutt, skurril fannen ech souwisou ni langweileg.

Et ass wierklech ofwiesselungsräich, d'Liewen, den Dout, Zombien, den Däiwel a ganz vill aner Persounen an Szenarien maachen dat Ganzt zu engem ënnerhalsamen Erliefnis.
Iwwerzeegt Iech selwer!

Keine Kommentare: