Dienstag, 7. Februar 2017

Claude Schiltz: Schnéihues



Der Madamm Schiltz hier Geschicht 'De Schnéihues' ass autobiographesch, ech mengen dat war dat éischt Smart Buch an deem Genre, wou ech gelies hunn.

Et ass schéin, dass si eis, un hierer éischter Wantersportvakanz deelhuele gelooss huet.
Ech hu vill, an oft missen schmunzelen!

Ech ka mir gutt virstellen, dass et dee Moment selwer, net ganz amüsant fir si war, mä gutt, "probieren geht über studieren".
Mä elo, ass dës Vakanz eng flott Anekdot, déi si net nëmmen a klengem Krees zum Beschte ka ginn, nee d'Madamm Schiltz léisst eis alleguerten drun deelhuelen.
Dat gefält mir.

Ech hunn et gär, wann ee Mënsch net nëmmen  seriö ass, mä och iwwert sech selwer laachen kann.
Ech ka wierklech soen, dass dëst Buch, aus der Smart Serie zu menge Favorite gehéiert.
Et huet mir wierklech gutt gefall!
Villäischt ass dat esou, well d'Geschicht sou onbeschwéiert geschriwwe gouf, ech weess et net.
Et fält direkt op, dass d'Geschicht net fiktiv ass, et fänkt een u mat liesen an et freet ee sech:
-Oh je, wéi geet dat wuel aus?
Hoffentlech net mat engem gebrachene Been 🙈

Ech weess et elo ☺
Wann Dir et och wëllt wëssen, dann loosst Iech vun der Madamm Schiltz mat an de Wantersport huelen ...

Ech sinn op jidde Fall, fierwëllzeg op dës Autorin ginn, an ech hu wëlles hiert Buch "Zockerpäckelchen" och ze liesen.

Keine Kommentare: