Montag, 20. Februar 2017

Claudine Muno: Dat klengt Buch vun der Doudangscht




Dëst Buch vun der Madamm Muno, war dat éischt wat ech vun hier gelies hunn.
Schued, dass ech dës Bicher net éischter entdeckt hunn.

Et sinn (wann ech richteg gezielt hunn) zéng Kuerzgeschichten, et sinn lëtzebuergesch a franséisch Texter.
Ganz éierlech, déi éischt zwou Geschichten hu mir d'Sprooch verschloen, ech hu mech fir d'éischt missen un der Madamm Muno hieren herrlechen Humor winnen.
D'Texter sinn alleguerten komplett verschidden, si hunn awer eng Gemeinsamkeet.
Se sinn, wéi ech schonn sot, herrlech sarkastesch, grotesk, ironesch, jo och makaber.
An iwwerdriwwen wouer, et däerf een eben net all Wuert, all Satz op d'Goldwo leeën!
Wéi ech d'Buch ugefaangen hunn, hat ech eng Liesflaute, elo kann ech et net méi erwaarden, dat nächst ze liesen.
Dat wäert "Koma" sinn.
De Cover vum Buch ass ganz einfach gehalen, sou wéi bei deenen anere Bicher vun der Madamm Muno och.
En ass wäiss, mat enger einfacher Zeechnung.
Mä ebe well en sou einfach gehalen ass, fannen ech, dass en aus der Mass erausstëcht.
D'Zeechnungen am Buch sinn och vun der Autorin, se passen perfekt.
Wéi d'Fauscht op d'A.
Ech géif, ech hunn allerdéngs net vill Ahnung, ech géif souguer esou wäit goen, a se liicht abstrakt nennen.
Mir huet et wierklech vu vir bis hanne gefall!
Souguer d'Schrëft vun dësem Text ass net 08/15, d'Buch war a villen Hisiichten eng Iwwerraschung, awer eng positiv.
Schéin, dass meng Loscht ze liesen, duerch dëst Buch erëmkomm ass ❤

Keine Kommentare: