Sonntag, 26. Februar 2017
Claudine Muno: Dem Zoe seng Geschichten
Dem Zoe seng Geschichten, si Kannerbicher.
D'Illustratiounen sinn vum Pascale Junker.
Dat hunn ech allerdéngs e bësse schued fonnt, ech hätt gäre gesinn, wéi ee Kannerbuch, an der Madamm Muno hierem onverkennbare Stil ausgesäit.
Wie weess, villäischt kënnt dat jo nach!
Et ass nawell ee riisegen Kontrast zu der Madamm Muno hieren anere Bicher.
Ech sinn an dës Bicher verléift, ech freeë mech drop, dem Bébé se z'erzielen, wann hatt al genuch dofir ass ❤
D'Geschichten sinn faarweg, phantasievoll, se lueden an, eng Ronn mam Zoe op Entdeckungsrees ze goen, an ze dreemen.
D'Zeechnungen hu mir richteg gutt gefall!
D'Zoe ass ee Meedchen, wat gären Geschichten erzielt.
Hatt huet immens vill Fantasi, déi Saachen déi hatt net erliewt, erfënnt hatt einfach.
Huesen, Hexen, Elfen, Kamellen a nach vill méi kënnt a senge Geschichten vir.
D'Geschichten sinn net ze grouss, et besteet keng Gefor, dass et de Kanner langweileg gëtt 😊
Et huet mir immens vill Freed bereed, d'Zoe kennegeléiert ze hunn, hatt huet mir während enger fatzeger Gripp, oft ee Laachen an d'Gesiicht gezaubert.
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)

Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen