Dienstag, 21. Februar 2017
Claudine Muno: Koma
"Dem Nessa säi Papp fléckt dem Krätsch säin Häerz, an dem Nessa seng Mamm zoppt alt mol engem Kärel een Ouerläppchen.
De Rune steet op Stréchmännecher.
De Mulles stierwt andauernd, mä steet erëm op, seng Elteren heeschen Maaria a Jousef."
(An dat sinn nach laang net all d’Personnagen vum Buch ☺)
Dëst Buch vun der Madamm Muno ass genee esou speziell, wéi dat éischt, wat ech gelies hunn.
Wann net souguer nach e bësse méi!
An der Geschicht geet et ëm d'Musekszeen a ganz vill komplizéiert Bezéiungen, oder Net-Bezéiungen.
Ganz vir am Buch fënnt een ee Schema, sämtlech Persounen, d'Nimm, wie mat wiem zesummen ass, an awer mat engem anere wëll zesummen sinn, asw, ...
D'Texter hunn eng speziell Aart a Manéier, et kléngt villäischt verdréit, mä ech fannen se poetesch!
Se kënnen näischt, awer och ganz vill bedeiten, dat ass Usiichtssaach!
Beim Liesen froen ech mech oft:
-Wat wëll d'Autorin eis domat soen?
A wësst Dir wat?
Mir kënnt dann ëmmer dee selweschten Sproch an de Kapp, ech muss e viru Joeren emol op Facebook gelies hunn.
"Huelt d'Liewen net ze eescht, Dir kommt dach net lieweg eraus!"
Iergendwéi passt dat.
Mä bon, dat ass just meng Meenung, an och erëm Usiichtssaach!
D'Madamm Muno huet op jidde Fall hieren eegenen Erzielstil, ech denken, esou eppes gëtt et keng zweete Kéier hei am Land.
An dat ass och gutt esou.
Et ass wierklech net einfach ze erklären, ëm wat et am Buch geet (oder och net), dat muss ee scho selwer gelies hunn.
D'Buch ass a verschidden Kapitel opgedeelt, d'Geschicht gëtt aus verschiddene Charakterperspektiven beliicht, kleng awer fein Zeechnungen ronnen dat Ganzt of!
Ech hoffen, Dir loosst Iech op dës Aventure an 😀
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)

Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen