Freitag, 10. Februar 2017

Josiane Kartheiser: Gees de mat?


An der Geschicht vun der Madamm Kartheiser geet et ëm Selbstbestëmmung, d' Verwierklechung vu senge Dreem.
Ëm Carrière an Emanzipatioun, d'Rollen sinn dës Kéier vertosch.

Dat war nawell interessant!
Wéi wäit géif, däerf een dofir goen?
Ufanks huet den Text mech liicht duerchernee gemaach, ech sinn fir d'éischt vun engem Haaptpersonnag ausgaangen.
(Ech hunn och kee Klappentext gelies)
Tatsächlech sinn et awer d'Gedanken, d'Iwwerleeungen vun dräi Persounen, an déi mir ee klengen Abléck geheien.
Do ass fir d'éischt emol d'Koppel, an och d'Mamm vum Mann freet sech wéi et weider geet.
Singapur, oder net?
Wat schwätzt dofir, a wat dogéint?
Soll d'Famill dës Aventure woen?
Gi si all zesummen?
Halen si all zesummen?
Oder ass et méi sécher, doheem ze bleiwen?
Dat ass d'zentral Fro vun dëser Erzielung. Leider hunn ech d'Schreifweis e bëssen dréche fonnt, dat leit villäischt och just un der Erzielmanéier.
Langweileg war et op jidde Fall net, mä och net wierklech menges.

Méi gëtt et do am Fong och net ze erzielen, Dir kēnnt Iech selwer ee Bilt dovunner maachen.

D'Erzielung huet een zimmlech oppene Schluss, de Lieser kann also selwer entscheeden, wéi en et gär hätt.
Dat hunn ech gutt fonnt 👍

Keine Kommentare: