Dienstag, 7. Februar 2017

Julie Vinandy-Schmit: Magnificat



An der smarter Geschicht Magnificat gëtt et e bëssen reliéis.
Ech weess net sou richteg wéi ech dëst Bichelchen aschätzen soll, ech kann Iech net wierklech soen, ob et mir gefall huet.
Et war ok.

Villäischt war et och just ok, well ech selwer net gleeweg sinn, ech weess et net.
Eisen Haaptpersonnage ass op der Sich no ënnerem Fridden.
An dofir séngt hatt.
Dës Kéier huet hatt sech de Magnificat fir seng Liddertexter erausgesicht.
Existenziell Froen tauchen op, gëtt et Gott wierklech?
D'Heedekand an der Geschicht, kënnt un d' strauchelen ...
Soll hatt gleewen?
Oder net?
Ass et der Wäert dee Risiko anzegoen?
Wat ass richteg, wat ass falsch, et gëtt villes a Fro gestallt.
Ech si mir net sécher, mä dës Rees bei d'Jesusstatue a Rio, hat fir mech e bëssen vun enger Pilgerrees.
Am Bichelchen sinn vill Lidderzeilen vum Magnificat ze fannen, déi hunn ech just iwwerflunn, dat ass net esou menges.
Fir méi reliéis Mënschen, ass dës Geschicht bestëmmt vill méi interessant.
D'Infoen zum Heedekand sengen Openthaltsplazen (déi op verschiddene Säiten uewe stinn), hunn ech vill méi interessant fonnt, do hunn ech nach e bëssen dobäigeléiert.

Keine Kommentare: