Hien stellt sech nawell vill Froen, hien denkt u seng schoulesch Carrière zeréck, a besëtzt genuch Selbstironie a Selbstvertrauen.
Et ass riets vu Facebook, Philosophie, senger Frëndin, Lloret, a villem méi.
Well d'Geschicht sech am Sam senge Gedanken ofspillt, huet den Text relativ wéineg Dialog.
Ufanks duecht ech, dat kéint ee Problem ginn, mä de Geigendeel war de Fall, Dialog hätt net wierklech bei dës Schreifweis gepasst.
Hien ass éiergäizeg, huet vill Pläng, an ass trotz Selbstvertrauen nach zimmlech onsécher, wat seng Zukunft ubelaangt.
Eppes léiert hien op jidde Fall:
-Wien héich klëmmt, kann och déif falen.
Hoffe mir alt, dass hien sech dat fir d'Zukunft verhält.
Wat ech domat mengen, muss dir allerdéngs selwer liesen!

Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen