Donnerstag, 9. Februar 2017
Tom Decker: d'Tilly
D'Tilly, dem Här seng Geschicht, huet mech matzen an d'Häerz getraff...
An et dono gebrach.
Dës Geschicht hat mech direkt am Grëff, ech konnt net ophalen mat liesen.
Et geet ëm de Max, Student.
Fir ee klengt Täschegeld féiert hien de Gast, een ale Pensionnaire all Sonndeg op Konsdref.
Dee besicht do, Tilly, dee wichtegsten Mënsch a sengem Liewen.
Ufanks sinn dës Sonndeger, just een Arrangement, mä géint de Schluss vun dësem Bichelchen gëtt vill méi draus.
Si schwätzen net vill matenee, bis op deen een Dag.
Deen ännert alles.
Awer sou wierklech.
Dee Sonndeg reent et, den Himmel huet d'Schleisen opgemaach.
Och dem Gast seng, hien erzielt dem Max, wéi hien säin Tilly viru véierasiwwenzeg Joere kennegeléiert huet.
Ech wëll net zevill verroden, d'Geschicht ass ergräifend.
Déi zwee verléieren sech duerch den zweete Weltkrich Krich aus den Aen.
Bis virun e puer Joer.
Duerch ee Bréif fanne si sech erëm, ech fannen de Rescht musst Dir selwer liesen.
Et ass eng ergräifend Geschicht voller Liewen!
Villäischt nach ee klengen Tipp:
-Et wier gutt, wann Dir Tempoen bei Hand hutt, ech hat keng, dat huet mir leed gedoen.
Ech hunn et dach gesi kommen...
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)

Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen