Donnerstag, 9. Februar 2017

Yorick Schmit: Paenitentia



De Schluss vun dësem klenge Bichelechen huet mech iwwerascht ...
Obwuel net wierklech.

Villäischt ass erféiert nach ee bessert Wuert, ech war net wierklech drop gefaasst.
D'Erzielung spillt an der Nokrichszäit.
Wat ech ganz interessant fannen, ass dass den Haaptpersonnage ee Paschtouer ass.

Wann Dir d'Bichelchen liest, wäert Dir matkréien, dass hien, och wann e Paschtouer ass, mat Dämonen ze kämpfen huet.
Wat soll ech soen, den zweete Weltkrich huet seng Spueren hannerloos.
D'Bichelchen ass ganz klassesch opgedeelt:
-Prolog, Haaptdeel, Epilog

Am Prolog kritt een ze liesen, wéi de Paschtouer u seng Dämonen komm ass.
Den Haaptdeel, dem Paschtouer seng Notizen,  handelen dovunner, wéi hien mat sengen Dämonen ëmgeet, an se souguer, erschreckenderweis, ërembegéint.

An dann den Epilog, ech fannen, deen huet Hingerhautfaktor, och wann e just ganz kuerz ass.
De Paschtouer gëtt seng Dämonen lass.

Paenitentia eben.
Eigentlech wollt ech jo méi kleng Rezensiounen zu de Smart Bicher halen, mä bei dëser Geschicht ass mir dat net gelongen.
Se ass weder ironesch oder witzeg.
Se ass fuerchtbar traureg, an och wann se fiktiv ass, ass se een Deel Wourecht!

Liest et selwer ...


Keine Kommentare: