Oh, d'Pippi an ech, dat ass esou eng Saach, a menger Kandheet konnt ech hatt absolut guer net leiden, ech hunn hatt lächerlech fonnt.
Säin Aaf, säi Päerd, d'Villa, de Papp, et war mir einfach too much.
D'Filmer konnt a wollt ech net kucken, an d'Bicher wollt ech net liesen.
A genau dofir hunn ech mir d'Buch als Rezensiounsexemplar erausgesicht, ech wollt kucke, liese a fillen, ob sech no iwwer zwanzeg Joer, eppes bei mir geännert huet.
Ech denken, ech verstinn den Hype ëm d'Pippi Langstrumpf elo besser, ech wiere mech net méi dogéint, meng Fantasi ze benotzen an oppe fir aner Welten sinn, dat war a menger Kandheet net esou.
D'Pippi war dat lescht Buch, wat ech gelies hunn, ech ginn zou, ech hu mech e bëssen virdru gedréckt.
Fir näischt, et huet mir nämlech onverhofft gutt gefall.
Hatt ass ee wierklech staarkt Meedchen.
A mat staark, mengen ech elo net nëmmen seng Kraaft, mä och säin Häerz.
Dat sëtzt genau op der richteger Plaz.
Hatt huet säin eegene Kapp, seng deelweis ironesch Äntwerten, hu mech méi wéi eemol grinse gedoen.
Hatt weist eis, wat Frëndschaft, Loyalitéit a Kand-Sinn bedeit.
Den Tommy an d'Annika entdecke mat him allerlee Welten, et kann ee souguer soen, se wuessen iwwert sech selwer eraus.
D'Buch huet wéineg Illustratiounen, mä mam Pippi senger Fantasi, senge Geschichten vun der ganzer Welt, brauch een och net méi.
Do geet de 'Kappkino' duer!
D'Pippi ass, a bleiwt ee Klassiker.
Wat ech nach aus dësem Buch mathuelen?
Ech muss mol nees baken, d'Pippi huet mir richteg Loscht op Chrëschtdagskichelcher gemaach!