Donnerstag, 9. März 2017
Andy Steffen, Linda Scholtes: D'Sidoni Seel
Beim Cover vun dësem Buch hunn ech automatesch missen un de Struwwelpeter denken, d'Sidoni huet awer guer a glat näischt mat him ze dinn.
Dat war just mäin éischten Androck.
Et sinn eelef kuerz Geschichten, geschriwwen vum Här Steffen, D'Illustratiounen goufe vun der Madamm Scholtes gemaach, a wat soll ech soen, ech hat meng laang, nee, meng grouss Freed un dësem Kannerbuch.
Dem Här Steffen seng Texter, zesummen mat der Madamm Scholtes hieren Illustratiounen harmonéieren wierklech gutt mateneen.
Ech denken, dës Kombinatioun mécht och vill
vum Sidoni sengem Charme aus.
Fir ee Kannerbuch, fannen ech, huet d'Buch nawell vill Text, mä ganz éierlech, bei allem, wat dat laangt Meedchen erlieft, ass dat kee Wonner!
D'Sidoni ass een aussergewéinlecht Meedchen, an dofir erlieft hatt och allerlee, dovunner kënne mir normal, net laang Mënschen just dreemen 😊
D'Geschichten, d'Kapitelen beschreiwen jeweils ee vu sengen Aventuren, ech hunn et schued fonnt, dass ech sou séier mam Buch fäerdeg war.
Et war schéin ze gesinn, dass d'Sidoni alles mat Humor hëllt, hatt léisst sech net aus der Rou bréngen an ass wierklech liewensfrou ❤
Et ass och schéin, dass ech ee klengt Meedchen hunn, ech freeë mech drop, him dës Geschichten nach méi wéi eemol virzeliesen!
Et ass net nëmmen ee Kannerbuch, et ass éischter ee Familljebuch.
Ooh, léift Sidoni Seel, et war mir eng Freed dech kennegeléiert ze hunn!
Ah wie weess, villäischt liese mir jo nach méi vun dir ...
Ech géif mech freeën, an ech si mir sécher, net nëmmen ech!
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)

Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen