Donnerstag, 2. März 2017

Denise & Fons Ruppert: Peffermillchen




Firwat hunn ech dëst Buch gelies?
Fir d'éischt emol huet d'Madamm Ruppert mech drop opmierksam gemaach, dat ass ganz gutt, ech hätt soss eppes verpasst.


Ech hu viru Joeren emol ee Sketch geschriwwen, als Kand sinn ech gär an den Theater gaangen, a fir mech war et eng Méiglechkeet nach e bësse méi, iwwert dës Welt gewuer ze ginn.
Woubäi ech muss soen, dass Theater a Kabarett nach laang net dat selwescht ass.
Et war interessant, ee Buch vun dësem Genre hunn ech nach net gelies.

Ufanks, sinn ech e bëssen iwwert d'Gréisst an Déckt vum Buch erféiert, mä dat huet sech beim Duerchbliederen schnell geluecht.
Ganz flott, a wierklech interessant ze liesen, ass der Madamm Ruppert hiere Réckbléck an d'Joer 1970.
Ech hat e bëssen Angscht, den Text kéint op laang Dauer langweileg ginn, mä dat war awer net esou, d'Kabarettisten hunn an all deene Joeren villes erlieft!
Et war eng kleng Zäitrees, a lues, sinn ech Stéck vir Stéck, Säit vir Säit a bësse méi an d'Géigewaart geroden.
Et ass net nëmmen riets vum Kabarett, et huet een och bei den Texter, der Erzielung ee klenge Bléck dovir, wat deemols politesch a sozial hei am Land lass war.
Et ass Kabarett a Geschicht zesummen.
An natierlech vill Laachen a Kapprësel.
De Lieser gëtt gewuer, wéi d'Léift zum Theater entstaanen ass, wien hinnen eng grouss Hëllef war, wou se gespillt hunn, wéi se sech gefillt hunn, a wéi d'Peffermillchen entstanen ass.
Dat liest een awer net nëmmen, d'Buch ass voll mat alen Opféierungsplakater, villen interessante Fotoen, an Schrëftstécker.
Perséinlech Notizen, Liddtexter, Ideeën, Pressestëmmen, a villes méi!
Souguer d'Statuten sinn am Buch ze fannen.
Et besteet also keng Gefor, dass et langweileg gëtt, et gëtt wierklech genuch ze kucken an z'entdecken.
Et geheit ee quasi ee Bléck hannert d'Kulissen vun der Peffermillchen, a ganz éierlech?
Et war nawell eng kreativ Equipe!
Texter si politesch, iwweraschend literaresch, an op de richtege Stellen, hunn se Humor ...
Wéi den Numm et scho seet: Gutt gepeffert!
Ech fannen, si waren hierer Zäit wäit viraus!
An ech fannen et super a couragéiert, dass d'Equipe eng Opféierung hat, déi "Geist, verbrenne!" geheescht huet.
Se bestoung aus Texter a Lidder vun 1933 ënnert dem Nazi-Regime verbrannten Auteuren.
Respekt!

Oft war ech iwwerascht, ech hunn vill bekannten Nimm am Buch gelies, dat huet mech nach méi fierwëllzeg gemaach.
Den Här Rewenig, d'Madamm Kartheiser, de Roland Harsch, de Claude Frisoni, de Jemp Schuster, an nach gaaaanz vill méi.
Bis dohinner, war mir net wierklech kloer, wéivill Schrëftsteller mam Theater verbonne sinn/waren, wéi enk d'Zesummenaarbecht war/ass.
Ewéi gesot, interessant!

Et muss vill Aarbecht a Nerve kascht hunn, dëst Buch esou hinzekréien, et gesäit a liest een op jidde Fall, dass immens vill Léift an Detail drastécht.
Et war ee groussen Deel vun hierem Liewen.

An et ass schéin, dass d'Madamm Ruppert, an natierlech och den Här Ruppert, eis un dësen Erënnerungen deelhuele loossen!
Et sinn net nëmmen Erënnerungen, ech fannen, et ass ee Stéck Lëtzebuerg, jo, souguer Geschicht, d'Buch leit am Centre national de littérature op senger richteger Plaz.

Fir Kabarettfrënn ass dëst Buch definitiv ee Muss!

Ech war jo och op der Buchvirstellung, an déi war genee sou aussergewéinlech ewéi d'Buch selwer!
Et war Virstellung, Kabarett, musikalesch Begleedung, Laachen, et war einfach eppes komplett neies fir mech.
Et war schéin!
D' Experiment Buchvirstellung ass gelongen, géif ech soen!
Oder mësslongen, wéi een et hëllt 😁
Et gouf gesongen, et war politesch, an zimmlech korrekt!
Et huet mir nach vill besser gefall, ewéi d'Buch, den Toun huet gepasst.
D'Leit am Sall sinn dono opgestanen, se hu wéi wëll geklappt, et huet keen Enn geholl.
No engem gudde Patt war den Owend, mat wierklech immens, interessante Gespréicher dunn awer eriwwer ...

A ganz éierlech, wann Dir net do waart, dann hutt Dir eppes verpasst, ech si frou, dass ech mir dat net entgoe gelooss hunn!
😊

Keine Kommentare: