Freitag, 10. März 2017

Henri Lindlbauer: Der Schatten von Whitechapel



Och wann dat villäischt grausam kléngt, Jack the Ripper, kënnt net aus der Moud.
Et ass net dat éischte Buch, wat ech iwwert dës Geschicht gelies hunn, et freet mech awer, dass elo nach ee lëtzebuergescht dobäi komm ass.

Whitechapel, d'Spekuléieren, d'Rees an dës Vergaangenheet, ech fannen dat einfach onheemlech interessant.

D'Buch hat mech vun Ufank un a sengem Bann!
Dem Jack seng Geschicht ass op Däitsch geschriwwen, den Här Lindlbauer huet et perfekt verstanen, d'Geschicht mat all sengen Eenzelheeten esou detailléiert ze beschreiwen, dass ee scho bal mengt selwer dogewierscht ze sinn.
Et huet ee scho bal de Geroch vum Dreck an dem Blutt an der Nues, et ass wierklech gutt ëmgesat!
Och d'Landschaften, d'Persounen, all eenzelnen Detail, ass esou genau beschriwwen, dass een guer kee Problem huet sech alles bildlech virzestellen.
Eisen Haaptpersonnag, a Spezialist fir Kriminalfäll ass de Rick Maybrick, d'Geschicht spillt zu London, mir sinn am Joer 1988.
Schonn déi éischt puer Säite vum Buch sinn duer gaangen, fir dass mir dausend Froen duerch de Kapp gaange sinn, spannend ass et op jidde Fall!
D'Handlung spillt sech ofwiesselnd an der Vergaangenheet (1888) an an der Géigewaart  (1988) of, besonnesch spannend dorunner ass, dass sech déi zwou Zäitzonen fir de Rick verbannen, et ass ganz mysteriéis!
Wat ass real, wat spënnt de Rick sech zesummen?
D'Grenzen leien no beieneen ..., mä dat musst Dir scho selwer liesen.
Ech hu mech scho laang net méi vru Spannung geschuddert, mä dëst Buch huet et fäerdeg bruecht.
Merci Här Lindlbauer!

Ech hat op jidde Fall immens vill Freed un dësem Buch, dofir, dat musst Dir gelies hunn, zumools wann dir Frënn vu wierklech gudden Krimi, Thriller, Mysterybicher sidd!

An dat Bescht dorunner?
-Et ass een aus eisem schéine Ländchen!

Keine Kommentare: