Sonntag, 12. März 2017

Zéng klassesch Märecher



De Buchtitel seet jo schonn alles, et sinn zéng klassesch Märecher, allerdéngs sinn se dës Kéier op Lëtzebuergesch!

Et war flott, mä näischt neies, ech denke, mir kennen d'Märecher jo allegueren.
(oder och net)😊
An awer war et ganz aneschter ...
Et war ee klenge Sprong zréck an d'Kandheet ...
Ufanks, wéi ech d'Buch gesinn hunn, duecht ech, et wier villäischt zevill Text, dat ass awer net esou, am Géigendeel, d'Buch ass wonnerschéin illustréiert, an Text ass genau richteg.
Fir d'Eltere wéineg ze liesen, a fir d'Kanner wierklech genuch z'entdecken!
D'Faarwen, D'Illustratiounen, den Text, et stëmmt einfach alles.
Et ass immens detailléiert!
Den décke Cover lued direkt op eng Rees an.
Flott um Buch ass d'Sprooch, d'Lëtzebuergescht!
Wann ech eng däitsch Kannergeschicht an eis Sprooch muss iwwersetzen, da kommen ech oft un d'tuddelen, mir falen net direkt déi richteg Wierder an.
Esou mécht virliesen definitiv méi Spaass.
D'Bella an d'Béischt huet mir am beschte gefall, d'Routkäppchen, d'Schwaneprinzessin, a nach anerer.
Den Draachemoler hunn ech nach net kannt!

Et war op jidde Fall, eng gutt Idee vu Saint-Paul, dëst Buch z'editéieren, ech si mir sécher, dass et nach ganz vill Succès wäert hunn, well Märercher stierwen net aus!

Keine Kommentare: