Freitag, 28. April 2017

Roland Meyer: Roughmix




Roughmix ass musikalesch, dat geet schonn bei de Kapitelen un, déi den Här Meyer an Tracks genannt huet.

CNL: Der Archivbote




Dës Zeitung loung laang a mengem Regal op mech ze waarden ...
Aus engem einfache Grond:
-Ech wollt se net auserneen huelen, an duerchernee maachen!

Roland Meyer: Zikelalarm 1



Dem Här Meyer säi Buch ass leider keng Fiktioun, mä batter Realitéit!
Hien huet es genuch, an ouni ee Blat virun de Mond ze huelen, erzielt hien eis, wat hien un eisem Schoulsystem, der neier Schoulreform, de Kanner an den Eltere stéiert.

Roland Meyer: Zikelalarm 2



Dass den Här Meyer nach genuch Stoff fir een zweeten Deel hat, ass erschreckend an traureg zugläich.
Ech si mir sécher, dass, wann e wierklech wéilt, nach genuch ze schreiwen wier, fir eng ganz Serie draus ze maachen!

Roland Meyer: Mango Pango




Mango Pango ass ee Jugendbuch, perfekt fir Jugendlecher, zumools Meedercher ab zwielef, dräizéng Joer, déi sech Gedanken ëm déi éischt Léift maachen!

Roland Meyer: Muedebëtzeg



Dëse Roman vum Här Meyer ass fir Erwuessener, an ech muss soen, en huet mir d'Sprooch verschloen.
Et ass wierklech eppes komplett aneschter ewéi seng Jugend/Kannerbicher.

Roland Meyer: den décken dommen dudu



Ganz vir am Buch steet, dass et ee Kannerbuch fir Erwuessener ass.
Dat hunn ech allerdéngs net wierklech verstanen, fir mech gehéiert d'Buch och zur Jugendbuchkategorie.

Sabrina Notka: Unter Büchern




Dëst Buch hunn ech vun der Editioun Binsfeld krut, ech hunn et direkt missen opschloen, an e puer Zeilen liesen.
Ech hoffen, et huet sech driwwer gefreet 😉
D'Buch ass mat ganz vill Léift gemaach ginn, do ka seng Mamm richteg houfreg drop sinn!

Donnerstag, 20. April 2017

Jhemp Hoscheit: Aacht Deeg an der Woch




Dëst Buch ass eigentlech d'Suite vum Bestseller Perl oder Pica, dat hunn ech awer net gelies, et ass nämlech vergraff!
Schued ...
Mä wann ee mir et léine kéint, wier ech iwwerglécklech, et wier och just fir een Dag.
Oder zwee ...
Mä méi laang géif ech net brauchen!

Mittwoch, 19. April 2017

Jhemp Hoscheit: Klangfaarwen



Klangfaarwen vum Jhemp Hoscheit ass ouni Zweifel, ee vu menge Favoriten dëst Joer!
Et ass ee Buch voller Rätsel a Geheimnisser.
A schéin déck, dat huet mäi Lieserhäerz gefreet ❤

Dienstag, 18. April 2017

Jhemp Hoscheit: Sorry fir den Duercherneen


De Buchcover, an och den Titel vum Jemp Hoscheit sengem neieste Buch 'Sorry, fir deen Duercherneen', halen op jidde Fall hiert Verspriechen.
Et ass een eenzegt Duercherneen, a ganz éierlech, wa mir op d'Joer 2016 zeréck blécken, fält mir och kee bessert Wuert dofir an.
Recht huet hien!

Donnerstag, 13. April 2017

Raoul Biltgen: Jahrhundertsommer



Lëtzebuerg huet net nëmme gutt Auteuren hei am Land, et sëtzen der och am Ausland 😉
Et muss een se just fannen.
Op den Här Biltgen sinn ech opmierksam ginn, well ech eng Foto gesinn hunn, wou säi Buch op der Leipziger Buchmesse vertruede war.

Mittwoch, 12. April 2017

Luc Spada: Fass mich an




Also, dem Här Spada säi Buch ass interessant!
Eigentlech wollt ech 'interessant' schreiwen, ech hunn et awer si gelooss, ech weess jo net ob et richteg ukënnt.
Oder falsch.

Dienstag, 11. April 2017

Sabrina Kaufmann: Muffin Mag



Muffin Mag ass deen éischte Manga, deen ech rezenséieren duerft, ech si frou, dass ech mir direkt dee richteg schéin faarwegen erausgesicht hunn!

Sonntag, 9. April 2017

Mäin Abc-Buch




Iwwert dëst Buch gëtt et net vill ze soen, et ass op jidde Fall ee richtege Pionéier!
An dofir gehéiert et och onbedéngt an dës Kannerwoch.
Et ass perfekt fir d'Kanner aus dem Cycle 1 an 2.1, déi grad d'Liesen a Schreiwen léieren.

D'Linn Lynn





Dëst Buch hunn ech mir erausgesicht, well ech mech oft gefrot hunn:
-Wat mécht dee Stréch esou besonnesch?
Et ass dach just eng Linn!

Mä do loung ech falsch ...

Samstag, 8. April 2017

Simone Bleser: De Willi Weeckelchen



De Willi ass genee ewéi d'Susi Jomes net nëmmen ee Kannerbuch, et ass ee Kannerbuch mat enger léierräicher Geschicht, dat fannen ech wierklech super!

Simone Bleser: D'Susi Jomes




A menger Saint-Paul Woch, hunn ech d'Susi Jomes ausgelooss, mä well d'Madamm Bleser  mir erzielt huet, dass d'Susi dat éischt richtegt lëtzebuergescht Kannerbuch ass, wollt ech dat elo nohuelen.

Freitag, 7. April 2017

D'Buedwassa-Monsta



Dëst Buch kënnt aus der Kremart Edition.
Et ass well ee Klassiker mat sengen drësseg Joer, dofir hunn ech mir dat fir dës Woch erausgesicht.

Catchdonnerwieder



Dëst Buch ass just eent vu villen, vun der Edition Zoom.
D'Madamm Furlano, huet mir nämlech fir d'Kannerwoch, esou vill Exemplarer geschéckt, dass nach eng ganz Zoom-Woch (an eng Verlousung!) op Iech duer kënnt!
Merci, nach eemol dovir ...

D'Buch ouni Biller




Fir d'alleréischt wëll ech der Editioun capybarabooks Merci fir dëst ongewéinlecht Kannerbuch soen!

D'Hoogen Stoogen Tulp




Eigentlech wollt ech fir d'Kannerwoch zwee aner Bicher aus dëser Editioun huelen, ech hu mech op de leschte Stëppel awer anescht entscheed.
Do huet bestëmmt d'Fréijoer seng Fanger am Spill gehat ... ⚘🌷🌼🌻

Jhemp Hoscheit: Den Eppes




Ewéi mäi grousst Meedchen matkritt huet, dass ech 'Den Eppes' vum Jhemp Hoscheit aus der Binsfeld Editioun matbruecht hunn, war hatt ganz aus dem Haischen!

Dem Lila säi Laachen




Ech si frou, dass ech d'Buch bis elo nach net gelies hunn, duerch de Plënnerstress hat ech e bësse (vill) laache batter néideg, an d'Lila huet mir dat erméiglecht!
Merci, der Editioun Schortgen fir d'Rezensiounsexemplar 🤗