Dës Zeitung loung laang a mengem Regal op mech ze waarden ...
Aus engem einfache Grond:
-Ech wollt se net auserneen huelen, an duerchernee maachen!
Aus engem einfache Grond:
-Ech wollt se net auserneen huelen, an duerchernee maachen!
Mä bei dëser e bësse méi spezieller, liicht geckeger Zeitung, bleiwt engem näischt aneres iwwereg.
Also hunn ech mech getraut 🤗
An dëser Zeitung (et ginn der e puer) geet et ëm dem Kënschtler Jean Delvaux seng Ausstellung 'Im Schatten der Sphinx'.
Et war nawell eng spannend Rees a seng Welt!
Dës Zeitung kann ee méi wéi eemol kucken, ech si mir sécher, dass een ëmmer erëm eppes entdeckt, wat een déi Kéier virdrun net an Uecht geholl huet!
D'Zeitung ass a puer Deeler opgedeelt, et ass also keen Duercherneen.
Also bal keen.
Den Duercherneen ass éischter d'Konscht selwer.
All Deel huet säin eegent Thema, se sinn och nummeréiert.
D'Zeitung ass faarweg, abstrakt, modern, den Här Delvaux huet al Themen mat neien Themen gemëscht, a wat dobäi erauskomm ass, ass wierklech kuckeswäert!
Vun der Sphinx zum Wonderwoman, et ass vun allem dobäi.
Niewt senge Konschtwierker fënnt een och ganz vill Hannergrondinformatiounen zu der Konscht, an och dem Kënschtler selwer.
Et geheit een also nach ee Bléck hannert d'Kulissen!
Et ass een Interview dran ...
A sou vill méi!
Entdeckt se selwer, Dir wäert ganz vill Freed dorunner hunn ...
Ze fannen ass dëst Schmockstéck am Shop vum CNL 😀



Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen