Freitag, 28. April 2017

Roland Meyer: den décken dommen dudu



Ganz vir am Buch steet, dass et ee Kannerbuch fir Erwuessener ass.
Dat hunn ech allerdéngs net wierklech verstanen, fir mech gehéiert d'Buch och zur Jugendbuchkategorie.


Et ass Zäit den Didier, den décken dommen Dudu, deen och schonn am Zikelalarm een Optrëtt hat, méi no kennenzeléieren.
Hie krut ee Computer, mir liesen an dëser Geschicht also seng Gedanken, Dreem a Wënsch.
D'Schreiwen soll nämlech hëllefen, mengt de Schoulpsycholog, hien däerf dat nämlech liesen.
D'Buch huet keng Kapitelen, et ass an .dok Dokumenter opgedeelt, ech hunn dat eng originell Idee fonnt.

Den Didier ass ze déck, a well hien och Léierproblemer huet, gëtt en décken dommen Dudu genannt.
An elo ass hien och nach verléift!
D'Buch huet mech iwwerascht, ech hätt net geduecht, dass et sou déif an d'Mobbingthematik géif rutschen.
No an no gëtt dem Lieser ëmmer méi bewosst, wéi eleng an ausgegrenzt den Didier sech fillt.
Wat fir eng Auswierkungen dëst op hien a seng Ëmwelt huet, huet mech e bëssen erféiert.
Deen aarmen, naiven Dudu, sou séier kann et goen ...
Gutt, dass en eng grouss Schwëster huet, déi méi un him hänkt, wéi et op den éischte Bléck schéngt!

Och bei dësem Buch ass et faszinéiert, ewéi den Här Meyer et fäerdeg bréngt, sech an déi Persoun, dat Kand eranzeversetzen, souguer d'Smiley'en hu gepasst!
Ech denken, do ass et wierklech hëllefräich gewierscht, dass e joerelaang als Schoulmeeschter geschafft huet.

Keine Kommentare: