Freitag, 28. April 2017

Roland Meyer: Mango Pango




Mango Pango ass ee Jugendbuch, perfekt fir Jugendlecher, zumools Meedercher ab zwielef, dräizéng Joer, déi sech Gedanken ëm déi éischt Léift maachen!


Eisen Haaptpersonnage heescht Linda.
Hatt huet zwielef Joer an hatt ass verléift.
Natierlech geet dee Jong him net méi aus dem Kapp, hatt geet op d'Sich, a stellt sech währenddeems och déi eng an aner existenziell Fro.
Wéi dat an deem Alter eben ass ...
A beemol huet d'Linda een neie Jong a senger Klass.
Säi Schwarm, wat een Zoufall 😉

Mä ob dat eppes Guddes soll sinn?
Vun deem Moment un, hëlt d'Geschicht rasant u Geschwindegkeet bei, ech war wierklech baff.
Et léiert ee säi Schwarm, de Samuel kennen, a beemol ass hien net méi wierklech sympathesch.
Zumools de Schluss huet mech iwwerascht, Happy-End, keen Happy-End, dat ass schonn nees Usiichtssaach!

Maacht Iech einfach selwer ee Bild dovunner 😀

Op jidde Fall huet d'Buch vill léierräiches u sech, ech hu mir virgeholl, mol méi oft Saachen, d'Behuelen vun de Kanner ze hannerfroen, et ass nämlech net ëmmer nëmmen d'Pubertéit.

Bei dësem Buch war ech immens beandrockt vum Här Meyer senger Schreifweis, d'Aart a Manéier, hien huet ee wierklech bal menge gelooss, dass do ee Meedchen seng Gedanken matdeelt, liewt a fillt.
Ech hat d'Buch an engem Zock gelies, et ass ganz einfach geschriwwen, a genuch Witz ass och dobäi.

Keine Kommentare: