Freitag, 28. April 2017

Roland Meyer: Muedebëtzeg



Dëse Roman vum Här Meyer ass fir Erwuessener, an ech muss soen, en huet mir d'Sprooch verschloen.
Et ass wierklech eppes komplett aneschter ewéi seng Jugend/Kannerbicher.

Mä en huet mir wierklech gutt gefall.
Den Titel passt gutt zu der Geschicht, oder besser souguer zum Liewen.
Eegal wéi mir et dréien a kéieren, ee klengt muedebëtzegt Stéck ass ëmmer ze fannen.

Ufanks duecht ech, de Pascal, fréiere Journalist, elo Clochard wier den Haaptpersonnage aus dëser Geschichte, mä hien ass just eng Randfigur, quasi d'Aleedung.
Am Buch geet et nämlech ëm de Paul, seng Fra d'Laura an d'Isabel(le).
Aus de Perspektiven ofwiesselnd, gëtt de Lieser vill iwwert hiert d'Liewen, an och iwwert d'Vergaangenheet gewuer.
Et ass nawell eng richteg Gefillsachterbahn, et geet bierop, genausou séier ewéi et bierof geet.
D'Buch kënnt ganz gutt ouni vill Dialog aus, den Här Meyer huet dëst alles gutt ëmgesat kritt!
De richtege Film, leeft während dem Liesen am Kapp of.
D'Geschicht ass tragesch, flott drunn ass, dass et zu kengem Moment iwwerdriwwen schéngt.
Alles huet seng Ursach, alles huet seng Plaz.
Alles huet säi Grond.
Déi dräi Haaptpersonnagen hunn ee gutt Liewen, alt méi, alt manner.
Lues a lues entwéckelt sech dës Erzielung zu enger Dräiecksgeschicht, mat iwweraschendem Schluss.
Et ass alt sou eng Saach vun Aktioun a Reaktioun, dat verstitt Dir am beschte beim Liesen!
Dir wäert iwwerascht sinn, ech war et op jidde Fall! 😊

Keine Kommentare: