Freitag, 28. April 2017
Roland Meyer: Roughmix
Roughmix ass musikalesch, dat geet schonn bei de Kapitelen un, déi den Här Meyer an Tracks genannt huet.
Originell ass och, dass ënnert den Tracks eng Aktualitéit vun rtl.lu ze fannen ass.
Mir huet d'Buch ganz gutt gefall, et war dat Bescht wat ech bis elo vum Här Meyer gelies hunn, ee richtegt Highlight!
Direkt op der éischter Säit, kënnt den Här Meyer mat der voller Wourecht:
-Lëtzebuerg ass net de Mëttelpunkt vun der Welt, och wa mir dat gäre mengen ...
Oder soe mir, net den Här Meyer seet dat, mä d'Irmine (52 Joer), ee vun eisen Haaptcharakteren am Buch.
Hatt fänkt u vu sengem Liewen ze schwätzen, hatt probéiert sech matzedeelen, an direkt wëll ee méi wëssen!
Wat ass him geschitt?
Firwat fillt hatt esou?
Och wann ech et no deenen éischte puer Säiten nach net wosst, hatt hat schonn dunn mäi ganze Versteesdemech.
Seng Froe si mir ganz bekannt virkomm, ech denken, deen een an aneren ënnert Iech, erkennt sech och do erëm.
Hatt ass manesch-depressiv a Schrëftstellerin ...
Seng ironesch, sarkastesch, zynesch Téin hunn mech dacks grinse gedoen, et ass natierlech och net ausbliwwen, dass een iwwert dat Geliesent nodenke muss.
Hatt huet wierklech villes erlieft, schéines, witzeges, traureges an traumatesches, hatt huet missen villes iwwerstoen, an ech fannen et flott, dass hatt eis u senger Geschicht deelhuele léisst, och wann et just Fiktioun ass ...
Dat mierkt ee guer net!
Och säin Exmann kënnt zu Wuert an erzielt seng Geschicht.
An de Jerry an d'Suzette, et gi vill Bléckwénkel z'entdecken ..., a Leit kennenzeléieren!
Et gëtt iwwert Tabu'en geschwat, et ginn Drogen konsumméiert, et gëtt gelieft ...
D'Buch huet vill Säiten, vill Zeilen, och tëscht der Geschicht.
Wierklech spannend!
D'Bicher vum Här Meyer sinn all eenzegaarteg, hien huet et wierklech drop, sech an all Charakter eranzeversetzen!
Dat schafft net jiddereen, dofir huet hie mäi ganze Respekt ...
Et ass schéin, dass hien dëst Talent mat eis deelt! 🤗
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)


Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen