Freitag, 28. April 2017

Roland Meyer: Zikelalarm 2



Dass den Här Meyer nach genuch Stoff fir een zweeten Deel hat, ass erschreckend an traureg zugläich.
Ech si mir sécher, dass, wann e wierklech wéilt, nach genuch ze schreiwen wier, fir eng ganz Serie draus ze maachen!


An der Tëschenzäit sinn zwee Joer vergaangen, den Här Meyer huet d'Schoulbänk och nach eemol gedréckt a vill Andréck gesammelt.
Och nees als Schoulmeeschter...

Dës Kéier huet hien sech net mat der Schoulreform, mä mat de Schüler an der Schoul.
De Regelen, dem Ëmgang mateneen, ...

An do gesäit et net wierklech besser aus, an deenen zwee Joer huet sech näischt, awer absolut guer a glat näischt gedoen.
Wéi soll ech dat rezenséieren?
Dat soll ee gelies, a selwer erlieft hunn!
(Dat sot ech jo och schonn beim éischten Zikelalarm!)
D'Elteren, d'Schoulmeeschteren a sämtlecht Personal, weess vu wat riets ass, mä och dee ganze Rescht soll sech mol ee Bild dovunner maachen.
Ech fannen, dat geet am beschten, wann ee ganz neutral un d'Geschicht rugeet an d'Buch esou liest.

Ech leeën dëst Buch, genee wéi den éischten Deel jidderengem un d'Häerz, deen an deem Sekteur schafft, zumools eis Politiker sollen sech d'Zeilen zu Häerz huelen, wa se schonn un der Zukunft vun eise Kanner 'bauen'!
Si kéinten nach eppes, souguer ganz vill dobäi léieren ...
Wa se sech dës Bicher als Beispill huelen, kann et jo just eng Verbesserung ginn.
An déi wier batter néideg!

Keine Kommentare: