Sonntag, 14. Mai 2017

Hoffmann Gilles: Pickeges an Intimes


Dem Här Hoffmann säi Gedichtband huet mir super gutt gefall.
Ech fannen awer, dass Gedichtband net dat richtegt Wuert dofir ass, et ass éischter ee Buch, mat enger Sammlung vu Gedichter.
Hien erzielt vum Liewen, de Gefiller, der Äerd, de Mënschen an der Politik.

Francis Kirps: Die Klasse von 77



Dem Francis Kirps säi Buch huet mir wierklech super gefall, et war ee richtege Genoss, dës Geschicht ze liesen.
Mir sinn am Joer 77, eis Haaptpersonnagen hunn néng, zéng Joer, a se hunn grad de Punk kennegeléiert!

Tom Weber: Glaswand





Dem Här Weber seng Gedichter sinn meeschtens gefillvoll, oft muss een och tëscht den Zeilen liesen.
Heiansdo kraatzen se awer och just un der Iwwerfläch ...

Tom Percival, Tuire Siiriainen: D'Fläschepost




Dëst Buch huet mir wierklech immens gutt gefall, an dat leit net nëmmen un der Geschicht an de schéin faarwegen Illustratiounen, mä och dorunner, dass een d'Buch nach e bësse personnaliséiere kann.
Esou gëtt wierklech all eenzelt Buch eenzegaarteg 😍

Léon Schadeck: Wien dru gleewe muss




Dëst Buch vum Här Schadeck, kënnt aus der Edition Saint-Paul an ass nei um Bichermaart!