Sonntag, 14. Mai 2017
Léon Schadeck: Wien dru gleewe muss
Dëst Buch vum Här Schadeck, kënnt aus der Edition Saint-Paul an ass nei um Bichermaart!
Knapp zwou Stonnen nodeems ech d'Buch aus menger Boîte geholl hunn, hat ech et scho gelies.
Et ass och relativ kleng mat sengen 126 Säiten, awer voller Iwweraschungen.
Et geet ëm d'Liewensgeschicht vum Michel a vum Nico, déi esou ënnerscheedlech wéi Dag an Nuecht sinn, oder Himmel an Hell.
Ee gemeinsame Moment an hierer Kandheet beaflosst de weidere Verlaf vun hierem Liewen.
Mat de Joeren entwéckele sech d'Charakteren vun dëser Geschicht, lues awer sécher bléckt de Lieser hannert d'Kuliss vun deenen zwee.
Esou léif wéi den Nico ass, esou béis, kann de Michel sinn.
Fir mech als Agnostiker war d'Geschicht interessant ze liesen ...
Duerch Thematik vum Buch passt den Titel an och de Cover ewéi d'Fauscht op d'A, oder besser gesot, ewéi d'Amen an der Kierch.
Wësseschaft, Philosophie an och d'Relioun harmonéieren perfekt mateneen, Dir musst de Brudder Lucas kenneléieren, da verstitt Dir, wat ech domat mengen 😄
Natierlech ass am Buch och Léift ze fannen, déi zwee Rivalen wëllen nämlech dat selwescht Meedchen (mat de Joeren Fra).
Et ass also esou wéi oft dee stännege Kampf am Liewen, Gutt géint Béis, wie gewënnt?
Gëtt et Gerechtegkeet?
D'Buch huet wéinst sengen zwee ënnerscheedleche Charakteren immens vill Facetten, ech war wierklech iwwerascht wéi ee Wee d'Geschicht beemol geholl huet.
Super, soen ech just!
Souguer een Doudesfall kënnt dra vir.
Mä wéi ass de Portier ëm d'Liewe komm?
Fräidout, oder huet een nogehollef?
Fannt et eraus 🤗
De Soziopath Michel suergt fir een iwweraschende Schluss, d'Buch muss ee wierklech gelies hunn!
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)


Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen