Interview mam Claudine Muno

Madamm Muno, ech wëll Iech fir d'éischt emol Merci soen, et ass schéin, dass Dir Iech Zäit fir dës Äntwerten geholl hutt!



Wéi sidd dir op d'Idee zu dësen herrlech abstrusen Texter vum klenge Buch vun der Doudangscht komm? An natierlech vu Koma, Komm net kräischen, an Äre Kannerbicher?

Am Fong fält et mer méi schwéier, e ganz realisteschen Text ze schreiwen. Op abstrus oder absurd Ideeë kommen ech zimlech einfach. Beim klenge Buch vun der Doudangscht hunn ech mech zum Beispill u Märercher inspiréiert, well an deene Geschichten der Fantasie keng Grenze gesat sinn. Dat Absurd ass fir mech zimlech befreiend, well ech mer alles Méigleches kann ausdenken. Dofir ass “Komm net kräischen” eben e bëssen anescht, well ech wollt probéieren, ob ech och kinnt schreiwen, wann ech mech un d’Gesetzer vun der Realitéit misst halen.

D'Kannerbicher stinn a groussem Kontrast zu Ären aneren Texter. War déi Ëmstellung schwéier fir Iech?

U sech kommen d’Ideeën zu de Kannerbicher éischter vu menger Kusinn Pascale Junker, wat och d’Illustratioune gemaach huet. Do hunn ech u sech Geschichten a Wieder gefaasst, déi mer eis zu zwee Stéck fir Stéck iwwerluecht hunn. An dofir entsteet sou aus zwou Stëmmen automatesch e bëssen en aneren Toun.

Wat wëllt Dir de Lieser mat Äre Geschichten soen? Oder hutt Dir keng Hannergedanken?

Ech hu schonn Hannergedanken a mengen och, dass een sech am Liewe fir eppes sollt engagéieren. Mee de Problem, besonnesch hautzedaags, ass dass just nach Meenung openeen ze stousse schéngen, ouni dass en Dialog entsteet. E Buch, e Lidd oder e Bild sollt am beschte Fall schonn en Dialog sinn. Dofir probéieren ech eben och Humor ze benotzen, well wann een et fäerdeg bréngt d’Leit laachen ze dinn, da ka vläicht och emol e Message eriwwerkommen, deen ee soss normalerweis géing direkt ausblenden. Liesen, Filmer kucken, Musik lauschtere gëtt engem d’Méiglechkeet vill verschidden Erfahrungen indirekt ze maachen, sech a lauter verschidde Charakteren eran ze fillen an ze mierken, dass een net eleng op der Welt ass – dat ass positiv souwuel fir deen dee sech eleng spiert a vläicht doduerch Trouscht oder Stäerkt fënnt; wéi och fir deen, deen sech eventuell als den Nuebel vun der Welt empfënnt an dee mierkt, dass e lauter aner Erfahrunge kënne genee esou wäertvoll si wéi seng eegen.

Är Texter si wierklech speziell, mä mat all hieren Detailler an Absurditéiten kléngen se wierklech onheemlech poetesch. Schreift Dir och Gedichter?

Ech liese gär Gedichter an ech schreiwen der och heiansdo, mee ech traue mech net richteg op deen Terrain. Also verschaffen ech déi Texter eben éischter zu Lidder.

Wéi sidd Dir zur Schreiwerei komm? An zur Musek, zum Molen?

Am Fong wollt ech scho Bicher schreiwen a Musik maachen, wou ech nach ganz kleng war. Ech weess net firwat, wahrscheinlech well ech vun de Leit aus menger Famill ëmmer Geschichte “vu fréier” erzielt kritt hunn. Do konnt ech stonnelaang nolauschteren an dohier kënnt wuel de Wonsch och selwer Geschichten ze erfannen. Wou ech do liese konnt, hunn ech mer d’Kopfhörer opgedinn, a mech mat Musek an engem Buch iergendwou higesat. Musek a Geschichte war einfach eppes wouranner ee konnt antauchen a wat awer gläichzäiteg och en Instrument konnt sinn fir op d’Realitéit anzewierken.

Dir hutt vill ënnerscheedlech Talenter, gëtt et eppes, wat Dir am léifsten maacht? Oder hänkt dat vun Ärer Laun of?

Et hänkt vun der Laun an der Zäit of. Fir méi e laangen Text ze schreiwen, brauch ech Zäit, zum Beispill eng Vakanz, soss verléieren ech an enger Geschicht einfach de Fuedem. Lidder schreiwen ech éischter zwëschenduerch, well een déi méi séier ofschléisse kann.

Bei esou villen Talenter froen ech mech, ob et eppes gëtt, wou Dir net ganz douéiert dra sidd.
Kache, baken, bitzen, ... Verrod Dir eis et?

Ech kann näischt vun alle deem, weder kachen, nach baken, nach bitzen.

Wéi bréngt Dir dat alles ënnert een Hutt? Hudd Dir iwwerhaapt nach Fräizäit?

Nee, richteg Fräizäit bleift net vill. Frënn gesinn ech am Fong nëmmen an de Vakanzen; Kino oder op Concerte goen ass och u sech nëmmen an de Vakanze méiglech. Mee am Fong kennen ech keen, dee vu sech behaapt, nach sou richteg vill Fräizäit ze hunn.

Dir sidd sozial och aktiv, (Lyçee Ermesinde, ...), wat huet Iech dozou bruecht?

Ehm, also ech géif dat elo net onbedéngt sozial aktiv nennen, dat ass einfach meng Haaptaarbecht, als chargée d’éducation. Schreiwen a Musek maachen ass leider éischter en deieren Hobby wéi eng Méiglechkeet säi Liewen ze verdéngen, dofir sinn ech frou eng Aarbecht ze hunn, wou ech trotzdem de ganzen Dag mat Musek a Literatur ze dinn hunn an (hoffentlech) meng Begeeschterung dofir kann anere matginn. Déi Aarbecht mécht mir wierklech Freed, well de Schüler hir Ideeën an hiren Enthusiasmus engem och ëmmer erëm selwer en Ustouss ginn.

Wéi kënnt Dir am beschten entspaanen?

Beim Videospiller spillen.

Wéi eng Bicher hunn Iech duerch d'Liewen begleet? A firwat? Hutt Dir ee Liiblingszitat, ee Liiblingslidd? Ee Liiblingsbild?

Jo, dat hunn ech alles... Dat meescht ass awer einfach perséinlech an huet net wierklech eppes mat deem ze di wat ech schreiwen oder wat fir eng Musek ech spillen. Et gëtt ze vill an ech wéisst net wou ech sollt ufänken. E Buch wat mech scho laang begleed ass “On the Road” vum Jack Kerouac.

Är Geschicht, D'Charakteren sinn fiktiv. Hunn verschidden Personnagen am Buch awer een authentesche Kär?

Dat gëtt dacks gefrot, dobäi schreift een u sech net fir dass de Lieser am Text de Schrëftsteller erëm erkennt – dat wier jo just Virwëtz dee Moment – mee am beschte Fall fir dass de Lieser sech selwer erëm erkennt. Et ass fir de Lieser wou d’Charaktere mussen authentesch sinn.

Är Geschichten, hunn oft een zyneschen, satireschen Ënnertoun... Wéi ass dat bei Iech privat? Sidd Dir éischter Optimist oder Pessimist? Ass d'Glas hallef voll oder bal eidel?

Éischter Pessimist. Ech hunn am Fong Geschicht studéiert, well ech als Kand vun den Erzielungen aus dem Zweete Weltkrich gepräägt gouf an ech wollt probéieren ze verstoen, wéi d’Mënschheet dat konnt zouloossen. Ech war mer awer sécher, dass et ni méi géing esou wäit kommen.
Haut gesinn ech et anescht. An et braucht een net bis an Amerika ze goen, fir déi Entwécklung festzestellen. Déi 80% vum Referendum bei eis weisen, dass no all deem wat mir wëssen an erlieft hunn, Friemenhaass nach ëmmer eng ganz grouss Plaz anhëlt an eiser Gesellschaft. Dat mécht mir perséinlech vill méi Angscht wéi Terrorismus. Eis Welt ass vernetzt, mir sinn all ënnertenee verbonnen an ech froe mech wéini mer endlech ufänke mateneen ze schaffen amplaz géinteneen.
Pessimist jo, mee ech sinn awer net defätistesch. Just denken ech haut, dass een seng Zäit net sollt dermat verbréngen ze probéiere fir Haass an d’Viruerteeler ze verstoen – besser wier et all seng Energie dran z’investéiere fir am positive Sënn eppes dergéint setzen a ze probéieren eng Idee vun der Welt ze entwerfen, wou jiddweree gläichberechtegt ass an awer däerf verschidde sinn.

Verschidden Autoren strukturéien a plangen hieren Text, anerer schreiwen wëll drop lass. Wéi ass dat bei Iech?

Ech schreiwen am Ufank drop lass, fir en Ulaf ze kréien, da strukturéieren ech.

Hëlleft Musik beim Schreiwen, huelt Dir Iech do Inspiratioun? Oder ass et éischter ëmgedréit?

Musik hëlleft bei bal allem.

Wéi géift Dir Iech an dräi Sätz beschreiwen?

Eng Schülerin huet emol gesot: “Ech schreiwe fir ze verschwannen” an dat ass fir mech d’selwecht. Engersäits gëtt et d’Lidder oder d’Geschichten déi ech schreiwen, anerersäits mech als Persoun. D’Lidder an d’Bicher sinn ëffentlech, ech sinn et net.

Wou schreift Dir am léifsten? Roueg um Pult, oder an der Stuff mat Musek?

Siehe uewen.

Wat kënnt dëst Joer nach op eis, Äer Lieser duer? Een neit Buch? Wéi ee Genre wäert dat sinn?

Keen neit Buch dëst Joer, obwuel et bal fäerdeg ass, mee et ass éischter Musik um Programm. En neien Album mat Monophona am Hierscht.

Wéieng Datumer sollen d'Lieser an d'Nolauschterer sech dëst Joer opschreiwen? A firwat?

Den 20. Abrëll am Gudde Wëllen mat Talune an den 20. Oktober CD-Release am Exit07.

Keine Kommentare: