Iwwert mech

Wien ass de Bichergeck?

Mäin Numm ass Jessica, ech sinn de Bichergeck.



Ech hunn 33 Joer.
Ech liesen schonn, zënter dass ech liesen kann, fir mäi Liewen gär.
Et ass meng Passioun.
A bal genausou laang ass Schreiwen mäin Hobby, ech hunn als Kand säiteweis Aufsätz geschriwwen.
Ech konnt mech nach ëmmer besser mat Bick a Pabeier ausdrécken, wéi sprochlech.
Wat mir um Liesen gefällt, ass dass et einfach entspaanend ass, a verschidden Welten anzetauchen, an nei Leit kennenzeléieren.
Wann ech ee Buch am Grapp hunn, vergiessen ech alles ronderëm mech.
Liesen berouegt mech, sou wéi aner Leit Musik, ouni Bicher wier ech just een hallwe Mënsch.
Wat net vill Leit vu mir wëssen:
Ech hunn 2008 och een Buch geschriwwen an erausbruecht.
Et war Therapie fir mech.
Jo, an dat lescht Stéck wat ech geschriwwen hunn, war een 2-Mann Sketch.
Eigentlech hat ech wëlles, eng ganz Rei ze schreiwen, mä iergendwéi feelt mir d'Inspiratioun, ech sinn blockéiert.
Ech wollt se 'Ons Hee-Mëscht' nennen.

Wat mécht de Bichergeck?

Ech hunn ugefaangen déi Bicher, déi ech liesen, ze rezenséieren, an alles op Facebook ze posten.
Ufanks war ech nach e bëssen onsëcher, mä well ech net nëmmen gären liesen, mä och gären schreiwen, hunn ech ganz séier Freed drun fonnt.

Wat ass mäin Ziel?


Ech fannen et schéin, ze gesinn, dass meng Rezensiounen eescht geholl ginn, an dass deen een oder aneren, sech dat Buch doduerch och besuergt huet.
An et villäischt genausou flott, ewéi ech fonnt huet.
Et ass flott meng Bichergeckegkeet net eleng heiheem auszeliewen, et ass schéin se mat jidderengem ze deelen, deen Gefaalen dru fënnt.

Firwat schreiwen ech?

Ech schreiwen, well ech eemol iergendwou gelies hunn, dass een Schrëftsteller deen net schreift, litt.
Leien wëll ech net, mä well ech menge Matmënschen net wëll wéidoen( mäi Schreiwes ass oft autobiographesch ugehaucht), hunn ech virun e puer Joer opgehaalen mat schreiwen.
D'Schreiwen, de Gedanken op Pabeier bréngen, eppes dobäi fillen, sech dobäi fillen, huet mir awer immens gefeelt.
Sou, mat den Rezensiounen hunn ech eng Méiglechkeet fonnt, kengem wéizedoen a mech awer auszedrécken.
A wien weess, villäischt schreiwen ech jo iergendwann nees eppes Richteges.
Wann den Moment do ass, wäert ech dat schonn matkréien.
Bis dohinner, geet dat heiten mir vollkommen duer.

 Wann ech ee Buch verfilme kéint, wier dat:

Mein bester letzter Sommer vum Anne Freytag
Das Fieber vum Makiia Lucier
Im dunkelen, dunkelen Wald vum Ruth Ware
Mädchentod vum Julia Heaberlin

Firwat ass mäi Blog op lëtzebuergesch?

Mäin éischten Post war op Lëtzebuergesch.
A well mir d'Schreiwen a menger Mammesproch gutt leit, hunn ech beschloss, domat virun ze fueren.
Gutt, ech hunn vläischt net esou vill Unhänger wéi wann ech Däitsch géif schreiwen, mä dat wat ech hunn, geet mir duer.
Dann schwammen ech eben géint de Stroum.
Ech hunn an dësem Blog och keen Bewäertungssystem, wéi ech dat schonn an anere Bloge gesinn hunn.
Ech fannen, dat muss net sinn, entweder d'Buch gefällt mir, oder et gefällt mir net.

Wéieng Pläng hunn ech nach?

Ech hu wëlles net nëmmen Bicher op Lëtzebuergesch ze rezenséieren, nee, ech géif och gären méi Bicher aus eisem Land liesen a rezenséieren.
Ech sinn dovunner iwwerzeegt, dass ech nach op e puer fantastesch Bicher an Schrëftsteller  wäert stolperen.
Och hunn ech wëlles, mech e bëssen méi mat den lëtzebuergeschen Schrëftsteller ze befaassen, ech géif gären niewend den Rezensiounen, verschidden Interview'en op dësem Blog posten.
Dir gesitt also, ech hunn nach vill vir.
An ech freeë mech ob all eenzelt Buch, all eenzel Rezensioun an all eenzelt Interview.

Keine Kommentare: